Statec header
 

Mir zielen,
well Dir zielt!

Vollekszielung vum 8 November 2021

Fir de Questionnaire online auszefëllen, braucht Dir den Zougangscode, deen dir mat der Post geschéckt krut. Dir fannt dee Code net erëm? Da klickt hei.

Down

Aktualitéit

D‘Vollekszielung huet ugefaangen!

Déi 37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg, vum STATEC an Zesummenaarbecht mat de Gemengen a mat Guichet.lu organiséiert, huet den 8. November 2021 ugefaangen.
Am Fokus steet bei där heiten Editioun d´Online-Bedeelegung. Eng virtuell Informatiounsseance fënnt haut steet. Et geet drëms, d´Bierger iwwert déi praktesch Modalitéiten z´informéieren, besonnesch wéi een den Online-Froebou op Guichet.lu ausfëllt.
De Video vun dëser Informatiounsseance fannt Dir op der Facebook-Säit vum STATEC.

Vum 8. November u kréien all d´Stéit zu Lëtzebuerg e Bréif vum STATEC mat den Accès-Codë fir den Online-Froebou.

Tëscht dem 8. an 21. November hunn d´Stéit d´Méiglechkeet fir ausschliisslech iwwer Internet ze äntweren.
Vum 22. November un ass et och méiglech de Froebou op Pabeier auszefëllen. De Questionnaire op Pabeier gëtt vun de Vollekszielungsagenten nëmmen un déi Stéit verdeelt, déi nach net iwwer Guichet.lu geäntwert hunn. D´Stéit hu bis den 28. November Zäit, fir online matzemaachen. De Froebou op Pabeier fir säin Deel, muss bis de 5. Dezember ausgefëllt sinn.

Erratum: Am Bréif vum STATEC iwwert de Froebou op Pabeier steet de 14. Juni. Deen Datum ass falsch.

Pressecommuniqué (op Franséisch)

Firwat eng Vollekszielung?

D’Zil vun enger Vollekszielung ass et, Donnéeën iwwert d’Bevëlkerung, d’Menagen an d’Wunnengen ze sammelen, fir d’Besoine virauszegesinn an der Landesplanung, bei Schoulen, Crèchen, Klinicken, Alters- a Fleegeheimer, Wunnengen asw.

Mir zielen, well Dir zielt!

Wann Dir de Questionnaire net online ausfëllt, kritt Dir e Questionnaire op Pabeier vum Vollekszielungsagent/vun der Vollekszielungsagentin vum 22. November un, ouni Demarche vun Ärer Säit.

Dir hutt d’Méiglechkeet, de Questionnaire a 5 Sproochen auszefëllen: Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Portugisesch.

Wann Dir de Questionnaire gären an enger anerer Sprooch consultéieren wëllt ewéi an där, déi Iech vum Vollekszielungsagent/vun der Vollekszielungsagentin ausgedeelt gouf, da klickt op d’PDF-Dokumenter hei drënner.

Dir kënnt Ären ausgefëllte Questionnaire entweeder un Är Gemeng, Äre Vollekszielungsagent/un Är Vollekszielungsagentin zeréckginn oder e mat der Post un de STATEC (B.P. 304 | L-2013 Luxembourg) schécken.

D’Vollekszielung a 5 Minutte verstoen

  • Wat ass eng Vollekszielung?

  • Firwat soll ech un der Vollekszielung deelhuelen?

  • Wéi kann ech un der Vollekszielung deelhuelen?

  • Si meng Date geschützt?

  • Kann ee mir hëllefen?

All d'Äntwerten op Är Froen

 

Firwat soll ech un der Vollekszielung deelhuelen?

D’Zil vun dëser Vollekszielung ass et, verschidde sozio-ekonomesch Donnéeën iwwer d’Persounen, d’Stéit an d’Logementer ze sammelen. D’Vollekszielunge liwwere sozio-ekonomesch Informatiounen, déi ënner anerem d’Besoinsprognosen an de Beräicher vun der Landesplanung, de Schoulen, de Crèchen, de Klinicken, den Alters- a Fleegeheemer, de Logementer asw. méi einfach maachen.

Ass et obligatoresch, de Questionnaire auszefëllen?

Et ass obligatoresch, un der Ëmfro deelzehuelen. D’Gesetz vum 10. Juli 2011 iwwer d’Organisatioun vum Institut national de la statistique et des études économiques gesäit vir, datt een e Protokoll kritt, wann een net un der Vollekszielung deelhëlt oder express falsch Donnéeën ugëtt. Dës gesetzlech Reegelung huet och den Zweck, d’Qualitéit vun de produzéierte Statistiken ofzesécheren, wat et dem STATEC erlaabt, zouverlässeg Donnéeën ze sammelen, déi representativ genuch si fir d’Bevëlkerung, déi zu Lëtzebuerg wunnt.

Wie soll dëse Questionnaire beäntweren?

Ee Member vum Stot ka sech drëm këmmeren, de Questionnaire fir déi aner Membere vum Stot auszefëllen. Déi éischt Persoun, déi unzeginn ass, an déi d’Referenzpersoun vum Stot ass, muss op d’mannst 18 Joer al sinn.

Kann een de Questionnaire a méi Sproochen ausfëllen?

De Questionnaire ass a fënnef Sproochen disponibel: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch. Wann Dir dëse Questionnaire gären an enger anerer Sprooch kritt ewéi an där, déi Iech ausgedeelt gouf, da kënnt Dir Iech un de Vollekszielungsagent/un d’Vollekszielungsagentin wenden oder de STATEC um 8002 2121 kontaktéieren.

Bis wéini kann ech de Questionnaire online ausfëllen? An de Froebou op Pabeier?

De Questionnaire kann online bis den 28. November 2021 ausgefëllt ginn., de Pabeierversioun vum Froebou tëschent dem 22. November an dem 5. Dezember 2021.

Fir wéi eng Membere vu menger Famill muss ech de Questionnaire ausfëllen?

Dir musst all Persounen, déi den 8. November gewéinlech an Ärem Logement liewen, matrechnen, d. h. och déi, déi an der Vakanz sinn oder temporär, aus medezineschen oder beruffleche Grënn, respektiv wéinst engem Studium, net do sinn. Puppelcher, déi bis den 8. November op d’Welt komm sinn, musse matgezielt ginn, och wa se nach am Spidol sinn.

Mäi Stot besteet aus méi ewéi fënnef Persounen. Wéi soll ech de Questionnaire ausfëllen?

Wa méi ewéi fënnef Persounen an Ärem Logement wunnen, da kontaktéiert wgl. Äre Vollekszielungsagent/Är Vollekszielungsagentin oder de STATEC um 8002 2121 oder iwwer d’E-Mailsadress rp2021@statec.etat.lu, fir en zousätzleche Questionnaire ze kréien.

Ass de Schutz vu menge perséinlechen Date garantéiert?

Jo, Är Äntwerte si vertraulech. Se gi benotzt, fir Statistiken auszeschaffen, an deene weeder Ären Numm nach Är Adress stinn. Den Numm an d’Adress gi just gebraucht, fir ze kontrolléieren, datt d’Logementer an d’Persounen nëmmen eng Kéier gezielt ginn a fir d’Qualitéit vun de produzéierte Statistiken ze garantéieren. Fir méi Detailer huelt wgl. Kontakt op mat eisem Dateschutzdelegéierten um 247-88 492.

Kann ech de Froebou op Pabeier ausfëllen?

Am Fall, wou Dir net iwwer Internet un der Vollekszielung matgemaach hutt, kritt Dir automatesch, vum 22. November 2021 un, de Froebou op Pabeier vum Vollekszielungsagent/vun der Vollekszielungsagentin zur Verfügung gestallt. Dir musst dëse Froebou op Pabeier virum 5. Dezember 2021 ausfëllen. Dir hutt awer nach ëmmer d’Méiglechkeet, de Questionnaire online bis den 28. November 2021 ze beäntweren.

Muss ech de Froebou op Pabeier iergendwou hischécken oder anzwousch ofginn?

Dir hutt dräi Méiglechkeeten, Äre Froebou op Pabeier zeréckzeginn:
  • andeem Dir e virum 5. Dezember 2021 direkt beim STATEC ofgitt oder e per Post u follgend Adress schéckt: STATEC - B.P. 304 - L-2013 Luxembourg (opgepasst, de Courrier muss bis de 5. Dezember 2021 erakomm sinn);
  • andeem Dir e virum 5. Dezember 2021 direkt bei Ärer Gemengeverwaltung ofgitt;
  • andeem Dir e vum 6. Dezember 2021un Ärem Vollekszielungsagent/Ärer Vollekszielungsagentin gitt.

Kann eng aner Persoun de Froebou fir mech ausfëllen?

Eng aner Persoun kann de Froebou fir Iech ausfëllen, wann Dir Schwieregkeeten hutt, e selwer auszefëllen. Déijéineg Persoun fëllt de Froebou an Ärem Numm aus a gëtt déi Äntwerten un, déi zu Ärer Situatioun passen. Dir kënnt och de STATEC um 8002 2121 kontaktéieren oder iwwer d’E-Mailsadress rp2021@statec.etat.lu, fir Iech beim Äntweren ze hëllefen.

Kann iergendee mir beim Ausfëlle vum Froebou hëllefen?

Wann Dir net wësst, wéi Dir sollt äntweren oder wann Dir eng Fro net verstanen hutt, da kontaktéiert wgl. de STATEC iwwer Telefon um 8002 21 21 oder iwwer d’E-Mailsadress rp2021@statec.etat.lu, fir Hëllef ze kréien. Dir kënnt Iech och un Äre Vollekszielungsagent/Är Vollekszielungsagentin riichten, deen/déi Iech wärend der Vollekszielung bei alle Froen a puncto Froebou oder Asammele vum ausgefëllte Froebou kann hëllefen.
 

Braucht Dir Hëllef?

Vu méindes bis freides
8:00 - 18:00

Eng Initiativ vum