Reglement fir d’Lotterie „37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg“

Bezeechnung

D’Lotterie „37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg“ (am follgenden Text „Lotterie“ genannt) gëtt vum STATEC organiséiert, dem nationalen Institut fir Statistik a wirtschaftlech Etüden zu Lëtzebuerg (am follgenden Text „STATEC“ genannt), dat säi Sëtz op 13, rue Érasme, L-1468 Lëtzebuerg huet.

 

Dauer

De Concours fänkt den 8. November 2021 un a geet bis den 28. November 2021 nach mat.

 

 Bedeelegung um Spill 

Beim Concours maachen all d’Persoune mat, déi tëschent dem 8. November 2021 an dem 28. November 2021 op Guichet.lu de Froebou vun der Vollekszielung beäntwert hunn an hiren Accord ginn hu fir matzemaachen. D’Participatioun beim Concours ass gratis. Déi Persoun, déi als éischt um Froebou dropsteet, deen iwwer Guichet.lu eragereecht gouf, vertrëtt de ganze Stot. Et wäert eng Verlousung tëschent all dëse Stéit gemaach ginn, fir déi 25 Gewënner ze ermëttelen. All d’Stéit, zu deenen e Mataarbechter vum STATEC gehéiert, si vun dësem Concours ausgeschloss.

 

Modalitéite fir d’Bedeelegung

All Bedeelegung un dësem Concours muss op déi Manéier, déi an dësem Reglement beschriwwen ass, geschéien. D’Bedeelegung um Concours implizéiert also, datt de Participant mam Reglement vum Concours averstanen ass. All Persoun, déi bei der Vollekszielung op Guichet.lu matmécht, gëtt um Enn vum Froebou opgefuerdert, fir hiren Accord oder Desaccord fir d’Bedeelegung um Concours ze ginn, dëst an engem Feld, dat extra dofir virgesinn ass. D’Net-Respektéiere vun de Bedeelegungskonditiounen, déi am Reglement opgeféiert sinn, bréngt d’Ongültegkeet vun der Bedeelegung mat sech. Den Organisateur behält sech d’Recht vir, fir jiddwereen unzesichen, dee probéiert huet, ze bedréien.

 

Lousen

D’Lotterie „37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg“ gesäit 25 Präisser vir:

  • 1. – 3. Präis: 1 Tablet Samsung Galaxy Tab S7 (256 GB) am Wäert vu 729 €
  • 4. – 6. Präis: 1 Tablet Apple iPad Air (64 GB) am Wäert vu 649 €
  • 7. – 11. Präis: 1 Tablet Apple iPad Air (32 GB) am Wäert vun 379 €
  • 12. – 16. Präis: 1 Tablet Samsung Galaxy Tab S6 Lite (64 GB) am Wäert vun 329 €
  • 17. – 20. Präis: 1 x Bluetooth-Kopfhörer Apple AirPods Pro am Wäert vun 279 €
  • 21. – 25. Präis: 1 x Bluetooth-Kopfhörer Sony WH-1000XM3 am Wäert vun 229 €

De jeeweilege Wäert vun de Präisser, wéi en de 27. Abrëll 2021 ermëttelt gouf, soll just eng Richtlinn sinn. Méi Informatiounen iwwer déi verschidde Präisser fannt Dir op de Sitte vu Samsung, Apple a Sony. All Stot ka maximal ee Präis gewannen. De Präis kann a kengem Fall géint Suen oder aner Produkter oder Servicer agetosch ginn.

 

Attributioun vun de Präisser

Déi 25 Gewënner gi spéitstens de 14. Januar 2022 duerch eng Verlousung ermëttelt a perséinlech, via E-Mail, iwwer hire Gewënn informéiert. Déi 25 Gewënner ginn iwwer en Zoufallszuelegenerator, an der Presenz vun dräi Mataarbechter vum STATEC, ermëttelt.

D’Verléierer kréie kee Message geschéckt. D’Präisser ginn an der Reiefolleg vun der Verlousung un d’Gewënner verginn. D’Gewënner gi gebieden, hire Kaddo bei de STATEC sichen ze kommen. Wann e Gewënner sech net bannent 30 Kalennerdeeg, nodeem e per E-Mail iwwer säi Gewënn informéiert gouf, manifestéiert, gëtt dëst als Verzicht op säi Gewënn consideréiert. An dësem Fall ënnerhëlt de STATEC eng weider Verlousung, fir dee Präis nei ze verginn.

 

Responsabilitéit

De STATEC haft net fir technesch Problemer, egal vu wéi enger Zort se sinn. De Gewënner verflicht sech, de STATEC net fir d’Qualitéit, d’Charakteristiken oder de Fonctionnement vun engem vun de Produkter am Kader vun der Lotterie „37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg“ verantwortlech ze maachen, well de STATEC weeder den Distributeur, nach de Produzent oder Fabrikant vum offréierte Produkt ass. De STATEC haft net fir Schied oder soss Problemer, déi beim Benotze vum Gewënn kéinten optauchen.

De STATEC behält sech d’Recht vir, de Concours zu all Moment an ouni Preavis ze annuléieren, ze verréckelen oder ze verlängeren. De STATEC kann dowéinst net vun engem Participant oder soss enger Persoun responsabel gemaach ginn.

 

Reklamatiounen

All Reklamatioun, déi dëse Concours betrëfft, muss mat ageschriwwenem Bréif u follgend Adress geschéckt ginn: STATEC, Unité „Population et Logement“, 13, rue Érasme, L-1468 Lëtzebuerg. D’Reglement vum Concours ass tëschent dem 7. November 2021 an dem 28. November 2021 gratis disponibel a gëtt per E-Mail un all Persoun geschéckt, déi beim STATEC eng Demande iwwer Telefon um 8002 2121 oder iwwer E-Mail u population@statec.etat.lu mécht.

 

Schutz vun den Donnéeën

A Konformitéit mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d’Organisatioun vun der CNPD a vum allgemenge Regimm iwwer den Dateschutz an dat allgemengt Reglement iwwer den Dateschutz (EU) Nr. 2016/679 ginn déi perséinlech Donnéeë vun de Participanten op eng vertraulech Manéier vum STATEC traitéiert. De STATEC verflicht sech besonnesch, fir d’Nimm vun de Participanten net erauszeginn. Déi eenzeg Ausnam dozou besteet an der eventueller Verëffentlechung vun den Nimm an de Fotoe vun de 25 Gewënner, virausgesat, si hu virdrun hire schrëftlechen Accord ginn. De STATEC respektéiert ausserdeem d’Bildrechter. No der Iwwerreechung vun de Präisser un d’Gewënner gi sämtlech E-Mailsadressen, déi am Kader vun dëser Lotterie gesammelt goufen, definitiv geläscht.
All Message iwwer den Dateschutz am Kontext vun dësem Concours kann un den Delegéierte fir den Dateschutz beim STATEC geriicht ginn, per Post un DPO, STATEC, B.P.304, L-2013 Lëtzebuerg, per Telefon um 247-88 492 oder per E-Mail: dpo@statec.etat.lu.

Eng Initiativ vum