Rechtleches

De Site www.rp2021.lu gëtt vum STATEC geréiert an erhalen, dëst an Zesummenaarbecht mat der Kommunikatiounsagence Comed.
De STATEC stellt op dëser Säit Informatiounen an Dokumenter zur Verfügung, mam Zil, fir den Zougang vum Public zu éischten Informatiounen iwwer d’Vollekszielung, hiren Zweck an d’Demarche, fir online drun deelzehuelen, ze vereinfachen.

Zoustänneg fir d’Publikatioun:
STATEC
B.P. 3304
L-2013 Lëtzebuerg
Tel.: (+352) 247-84219
Fax: (+352) 46 42 89
E-Mail: info@statistiques.public.lu

Designer vum Site:
Comed
2, rue Léon Laval
L-3372 Leudelange (Luxembourg)
Tel. : (+352) 44 31 24 1
E-Mail: info@comed.lu

Informatesch Servicer: Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE)

 

Verantwortungsaschränkung

De STATEC ass net verantwortlech fir d’Informatiounen, déi op dëser Säit diffuséiert ginn.

  • De STATEC haft net fir d’Benotze vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht sinn. Den Inhalt ass als Richtlinn ze gesinn. En ëmfaasst Informatiounen, déi net onbedéngt komplett, exhaustiv, exakt oder aktuell sinn.
  • De Site verweist heiansdo op extern Sitten, iwwer déi de STATEC keng Kontroll huet a fir déi en och net haft.
  • De STATEC iwwerhëlt keng Verantwortung fir en eventuelle Schued, deen duerch d’Benotze vun dësem Site un Ärer informatescher Installatioun kéint entstoen.
  • De STATEC haft net am Fall, wou de Service vun dësem Site, wann och just temporär, ënnerbrach ass.

Dës Klauselen iwwer d’Net-Verantwortung hunn net als Zil, déi besteeënd gesetzlech Ufuerderungen ze ëmgoen oder d’Verantwortung auszeschléissen, am Fall, wou se net opgrond vun deene genannte gesetzlechen Ufuerderunge kann ausgeschloss ginn.

 

Intellektuelle Besëtz (Copyright)

De STATEC ass de Proprietär vun de Rechter iwwer den intellektuelle Besëtz oder huet d’Gebrauchsrechter fir all Elementer, déi um Site zougänglech sinn, besonnesch d’Texter, d’Biller, d’Grafiken, de Logo, d’Ikonen, den Toun an d’Software.

All Reproduktioun, Representatioun, Modifikatioun, Publikatioun, Adaptatioun vum ganzen oder vun Deeler vum Site, egal mat wéi engem Mëttel oder mat wéi enger Demarche, ass verbueden, ausser de STATEC huet am Viraus säi schrëftlechen Accord ginn.

 

Gestioun vun de Cookien

Mir weisen Iech, an aller Transparenz, wéi a firwat mir Cookien op dësem Site benotzen.

Dëse Site ka Clientscookië benotzen, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen iwwer dem Benotzer säi Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten, sproochlech Virléiften etc.). Se gi vun dësem Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et fir deen Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dësem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visitt erëmzeerkennen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d’Erlabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d’Wiel, fir d’Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d’Cookië weeder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn.

D’Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt dofir geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

 

1. Wat ass e Cookie a woufir ass e gutt?

E Cookie ass e klengen Textfichier, deen um Harddisk vun Ärem Computer (PC, Laptop oder Smartphone, zum Beispill) gespäichert ass an/oder vun Ärem Browser gelies gëtt an iwwer d’Internetsitten, déi Dir ofrufft, ofgeluecht gëtt. Quasi all Sitte benotze Cookien, fir gutt ze funktionéieren a fir hir Ergonomie an hir Funktionalitéiten ze optimiséieren.

 

2. Eis Cookien

Mir benotze Cookien am Kader vun der statistescher Analys vun der Heefegkeet vun de Visitten um Site. De Cookie gëtt vu Matomo Analytics hannerluecht.
Matomo Analytics ass en Drëttprodukt, dat op eisem Server zu Lëtzebuerg gehost gëtt an der europäescher Gesetzgeebung a puncto Dateschutz entsprécht. 

En erlaabt eis, d’Zuel vun de Visiteuren um Site ze zielen an Informatiounen doriwwer ze sammelen, wéi eise Site benotzt gëtt (Bsp.: déi am meeschte besichte Säiten, Dauer vun der Visitt asw.).

Dëst erlaabt eis, eise Site ze verbesseren, fir Iech e besseren Zougang zur Informatioun ze garantéieren.
Et sief bemierkt, datt mir keng Publicitéitscookië benotzen.

 

3. Wéi desaktivéiert ee Cookien?

Dir kënnt d’Cookien zu all Moment desaktivéieren.

Am Fall, wou Dir d’Cookien, déi op Ärem Computer gespäichert sinn, wëllt läschen an Äre Browser esou wëllt ëmstellen, datt en se refuséiert, kënnt Dir dat iwwer d’Optioun „Preferences“ vun Ärem Internetbrowser maachen.

Dës Browseroptiounen, déi sech op d’Cookië bezéien, fannt Dir gewéinlech an de Menüen „Options“, „Tools“ oder „Preferences“  vum Browser, deen Dir benotzt, fir op dëse Site ze kommen.

Allerdéngs bidden déi verschidde Browseren, déi et gëtt, nach aner Méiglechkeeten, déi kënne genotzt ginn, fir d’Cookien ze desaktivéieren.

Fir méi gewuer ze ginn, kënnt Dir op d’Linke goen, déi hei drënner opgelëscht sinn:

Et sief bemierkt, datt Dir ëmmer nach op dësem Site kënnt surfen, och wann Dir iwwer Ären Internetbrowser d’Späichere vu Cookien op Ärem Computer refuséiert.

 

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

Déi perséinlech Donnéeën, déi de User matdeelt, gi konform zum Reglement (EU) 2016/679 vum europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vu physesche Persounen am Kontext vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an der fräier Zirkulatioun vun dësen Donnéeë verschafft.

De STATEC ass fir dës Veraarbechtung zoustänneg.

Déi gesammelt perséinlech Donnéeë beschränke sech op d’IP-Adressen an d’Logge vun de Web-Serveren, an dat fir Sécherheetszwecker. D’Awëllegung vum Benotzer ass net néideg, fir dëse Site ze besichen. De Benotzer ka seng Awëllegung fir d’Benotze vu Cookien duerch dëse Site ginn, an e Refus dovu verhënnert d’Surfen um Site net.

Dir kënnt Reklamatiounen, déi de Schutz vun de perséinlechen Donnéeë betreffen, beim Delegéierte fir den Dateschutz vum STATEC iwwer déi follgend E-Mailsadress eraschécken: dpo@statec.etat.lu.

Fir all Sträitfall an deem Beräich kënnt Dir Iech och un déi national Dateschutzkommissioun wenden, déi hire Sëtz zu Esch-Uelzecht (15, Boulevard du Jazz | L-4370) huet.

Eng Initiativ vum